D'Weeche fir den 9. Album si gestallt. E virleefegen Titel gëtt et och schonn AlienRadios, ob dat awer den definitiven Titel bleift, muss sech nach erausstellen, op alle Fall ass Higher Power déi éischt Single dorausser.

An huet net hei op der Äerd Première gefeiert. Deen éischten deen d'Lidd lauschteren dierft war de franséischen Astronaut Thomas Pesquet dee grad op der internationaler Raumstatioun ass, duerno eréischt Youtube, Spotify a Co.. Am Interview mat Apple Music erkläert de Chris Martin datt et an Higher Power drëms geet den Astronaut an eis ze fannen, déi Persoun déi Erstaunleches fäerdegbréngt. D'Iddi fir Higher Power gouf et scho méi laang, ma bis elo war de Chris net sou richteg mam Song zefridden, dat dierft sech dann elo geännert hunn.