Brudder a Schwëster - dat geet net ëmmer riicht aus an der Famill. An deem heite Fall war et déi perfekt Relatioun, wuel och well de Brudder alles anescht ewéi egoistesch war.

25/05/2021 HitStory - KIDS IN AMERICA

82 Joer ass e mëttlerweil jonk, de Marty Wilde. En Englänner, deen Enn de 50er e puer kleng Succèsen als Rock 'n Roll-Sänger konnt landen. Säin Nowuess krut op alle Fall eng gutt Portioun vu sengem Talent mat op de Wee. Virop säi Fils Ricky, deen Enn de 70er och eng Karriär als Sänger wollt starten a sech mam Mickie Most een, zu där Zäit, ganz populären an aflossräiche Produzent u Land gezunn hat.

De Ricky war 1980 zu London am Studio fir e puer vu sengen neie Songs anzesangen an hat seng Schwëster Kimberly matbruecht, déi de Background-Gesang sollt iwwerhuelen. D'Kim, deemools 19 Joer al, huet deen Job nawell ganz iwwerzeegend assuréiert an huet beim Produzent Most ferm Androck hannerlooss. Dee war esouguer bereet, dem Ricky senger Schwëster e Kontrakt ze proposéieren. Dat allerdéngs huet de Ricky net OK fonnt. Hie sot: "Wann een eppes mat menger Schwëster produzéiert, da sinn ech dat!"
Nees doheem an hirem Elterenhaus, huet de Ricky ugefaange mat schreiwen. E Song fir seng Schwëster Kim, voll am Sound, deen deemools am Trend war, inspiréiert vu Gary Numan, Ultravox an dem OMD-Titel "Messages"
Fir den Text war de Papp responsabel. De Marty Wilde, deen nach ëmmer e Faibel fir d'Land vum Rock 'n Roll an dee grad en Tëlees-Documentaire iwwert d'Existenz vu jonke Leit an den USA gesinn hat, huet et op de Punkt bruecht: Liewen an der Metropol, cool Musek, déi grouss Léift an den Dram vu Kalifornien - alles, no wat jonk Britten am neie Joerzéngt geglëscht hunn.

"Kids in America" war den Optakt vun enger brillanter Karriär fir d'Kim Wilde. De Ricky huet och déi weider Hits geschriwwen a produzéiert an huet och nach d'Roll vum Gittarist am Studio an op der Bün iwwerholl. Diskret am Hannergrond, ouni Ambitiounen, ëmmer am Sënn vun der Schwëster. Et war derwäert.