Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.

01/06/2021 HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW

Dem Udo Lindenberg konnt nach ni een de Mond verbidden. Ëmmer nees huet de Panikrocker sech a sengen Texter mat der Onmënschlechkeet vun der däitscher Deelung an Ost a West auserneegesat.
Ugangs den 80er huet de Lindenberg fir d'xte Kéier ugefrot fir dierfen an der DDR opzetrieden. A well den SED-Regime em dee Wonsch fir d'xte Kéier refuséiert huet, wollt den Udo et mat engem Schotz Ironie probéieren. En huet sech u seng Kandheet a Westfalen erënnert, wéi e mat sengem Brudder Erich (jo ... Erich) an engem klengen Jazzkeller huet dierften d'Bengele vun der Tromm an d'Gräpp huelen. Eent vu senge léifste Stécker war deemools eng bekannte Swing-Nummer vum Glenn Miller: Den "Chattanooga Choo Choo" vun 1941, an deem et ëm d'Rees vun enger Damp-Lok vun New York op Chattanooga am Tennessee geet.
Den Udo huet deen Zuch awer an Direktioun Ost-Berlin rulle gelooss, op Pankow, dee Bezierk an deem vill Vertrieder vun der DDR-Regierung hire Wunnsëtz haten. Am Text adresséiert e sech op charmant-ironesch Manéier un den Erich Honecker, deen, am Udo sengen Aen, zwar no baussen d'Ideologie vum DDR-Staatsrot vertrëtt, an deem senger Broscht awer heemlech e Rockerhäerz schléit.
Honecker a Co ware vun deenen Zeilen zwar net enchantéiert, hunn awer gemierkt, datt se mat engem Kompromëss déi Jonk am Osten fir sech kéinte gewannen. De 25. Oktober 1983 kruten den Udo a seng Band eng Invitatioun, fir am Kader vun engem Festival mam Numm "Rock für den Frieden" virun iwwer 4000 auserwielte Fans am Palast vun der Republik opzetrieden. 4 Lidder waren erlaabt, de "Sonderzug" allerdéngs net. A fir d'Geleeënheet net entwutschen ze loossen, war de Lindenberg domadder averstanen.
Uschléissend sollt eng grouss DDR-Tournée nokommen, allerdéngs huet den Udo wärend sengem Optrëtt zu Berlin, deen och live op der Tëlee iwwerdroe gouf, e puer Sätz gesot, déi deene responsabele Fonctionnairen net gefall hunn.
Trotz der refuséierter Tournée huet de Lindenberg ëmmer nees de Kontakt mat Honecker a Co gesicht. Awer eréischt nom Fall vun der Mauer konnten d'Leit an der fréierer DDR endlech an de Genoss vun engem Udo-Live-Concert kommen.