Virun 10 Joer hat sech den Tim Bendzko op de Fändel geschriwwen d'Welt ze retten. Datt dee Plang net opgaangen ass, weess de Sänger awer. A senger neier Single Kein Problem, spillt d'Welt och eng Roll.

An zwar seng Eegen an där den Tim sech am léifsten ophält, geet awer leider net ëmmer. D'Lidd beschreift eng Situatioun an där ee grad ass an am léifsten direkt verschwanne wéilt. Sou séngt den Tim zum Beispill "kann ee mäi Glas unhalen, wärend ech aus der Fënster sprangen", oder "Kee Problem wann d'Welt ënner geet, well ech a menger Eegener liewen".