Dës Kéier nei Musek vun enger Grupp déi relativ dacks als Soloartist vernannt gëtt. Bei Lukas Graham denkt een eben éischter un eng Persoun wéi eng Band. Dat gekläert, konzentréiere mir eis elo Happy For You, dem fonkelneie Lidd vun den Dänen.

De Sänger Lukas Forchhammer huet scho méi wéi eng Kéier bewisen datt d'Musek vu Lukas Graham ënnert d'Haut goe kann. Dat gëllt dann och fir de leschte Worf. Et geet ëm eng Bezéiung déi leider keen Happy End kannt huet an där de Lukas nach ëmmer notrauert. Wéi heescht et sou schéin "d'Liewe geet weider", dovunner mécht d'Ex-Frëndin dann och Gebrauch, wat de Lukas och ënnerstëtzt, allerdéngs wär hie gäre genee sou glécklech wéi d'Ex-Frëndin ouni hien. Da paakt mol d'Nuesschnappecher aus.