Et gëtt Neits vum Patrick Bruel. De Sänger, Schauspiller a professionelle Pokerspiller ass dann och am gaange seng Tour Enn dës Joers op d'Been ze setzen.

Dat dierft eng akustesch Tour ginn; Enn November ënner anerem zu Léck an d'nächst Joer am Mäerz zu Bréissel. A la santé des gens que j'aime ass eng Zort Valse, anengems och déi éischt Single aus engem neien Album. Et geet een dovunner aus datt den Album ronderëm Chrëschtdag erauskomme kéint. Bei dëser éischter neier Single ass de Patrick Bruel vum Gérard Presgurvic a vum Félix Gray ënnerstëtzt ginn; zwee Kolleege mat deenen de Fransous och scho virdrun zesummegeschafft huet.