D'lescht Joer am Oktober huet de Boss säin 20. Studioalbum erausbruecht. Op Letter To You ass dann och den Titel I'll See You In My Dreams ze fannen, déi aktuell Single.

An déi kritt duerch den Doud vum Michael Gudinski nach eng aner Bedeitung. De Michael Gudinski, australesche Geschäftsmann, ass am Mäerz dëst Joer am Alter vun 68 Joer am Schlof gestuerwen. De Mann war e sougenannte Promoter, huet also dofir gesuergt datt Kënschtler gutt Méiglechkeeten hu fir Concerten ze spillen. Och de Bruce Springsteen hat mam Michael Gudinski zesummegeschafft an him d'Lidd I'll See You In My Dreams dediéiert.