Genee 14 Méint an zwou Wochen nom geplangte Release vun der Silbermond-Single Bestes Leben, ass d'Lidd elo Ufanks dës Mounts offiziell erauskomm,endlech. Wärend der Pandemie hätt den Text vun deem Stéck net wierklech Sënn gemaach.

Bestes Leben handelt nämlech vu Mënschen déi sech begéinen, Mënschen déi sech no sinn an déi de Moment zesummen erliewe wëllen. Well awer genee d'Pandemie dat verhënnert huet, war et fir Silbermond kloer fir mam Release ze waarden, datt iwwert 1 Joer draus géing ginn, hate warscheinlech och si sech net virstelle kënnen. Mat ëmmer manner strenge Mesuren a manner Restriktiounen, sinn déi tëschemënschlech Bezéiunge lues awer sécher nees méiglech, idealen Zäitpunkt fir d'Lidd elo ze publizéieren.