Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht.

29/06/2021 HitStory - DOWN UNDER

Si hunn zwar nëmmen 3 Albumen erausbruecht mä "Men at Work" sinn a bleiwen 80er Kult. Gegrënnt am Joer 1979 vum gebiertege Schott Colin Hay a Ron Strykert, awer schonn 1 Joer méi fréi hunn déi 2 un engem Lidd gebastelt, dat herno hire gréisste Worf sollt ginn.

"Down Under", déi heemlech australesch Nationalhymn. E weltwäiten Hit, e Klassiker, deen awer ronn 30 Joer méi spéit fir vill Gedeessems sollt suergen.
Wéi Colin Hay a Ron Strykert der Band deemools hiren neie Song virgespillt hunn, hat de Saxophonist a Flüttist Greg Ham déi flott Iddi, en australescht Kannerlidd mat anzebauen. Einfach esou, als klenge Geck.
E Kannerlidd aus den 1930'er Joren iwwert ee klengen Vull, de "Kookaburra", deen am alen Eukalyptusbam sëtzt.
"Kookaburra Sits in the Old Gum Tree", an Australien ass dat Lidd bal  jidderengem a Begrëff. D'Komponistin Marion Sinclair ass 1988 gestuerwen an d'Droits d'Auteuren gehéieren zanterdeem dem Musek-Label Larrikin Records.
Wéi de 26. September 2007 an der australescher Tëlees-Quiz-Emissioun "Spicks & Specks" d'Fro gestallt gouf, wéi e Kannerlidd am Titel "Down Under" enthale wier, si bei Larrikin Records d'Alarmklacken ugaangen.
D'Komponistin Marion Sinclair hat zäitliewens ni e Problem domadder, datt hir Melodie an engem Popsong opgedaucht ass, mä de Label huet d'Band elo ouni ze zécken wéinst Plagiat verklot.
An de 6. Juli 2010 goufe Men at Work zu 700.000€  Schuedenersatz verurteelt. Awer net zu e puer Milliounen, ewéi Larrikin Records dat gefuerdert hat.
De Flüttist Greg Ham, dee jo sengerzäit d'Iddi vun deem klengen Joke hat, ass 2012 dout a senger Wunneng opfonnt ginn. Säi Frënd Colin Hay behaapt bis haut, datt dee ganze Stress mam Prozess net onschëlleg dorunner war.