Mam "Dance Monkey" huet di australesch Sängerin Tones and I d'Welt eruewert. Mëtt Juli wäert hiren Debutalbum erauskommen, mat der Hoffnung dass dëse grad sou erfollegräich wäert ginn. Eise "One for the Road" ass haut di nei Single "Cloudy Day".

Eigentlech heescht se Toni Watson - di australesch Sängerin, déi di ganz Welt als "Tones and I" kennt.

Virun 2 Joer ass hiren Hit "Dance Monkey" ronderëm d'Welt gaangen. Nummer 1 a 35 Länner, 65x mat Platin an 8x mat Diamant ausgezeechent, vun de Milliarden Streamen guer net ze schwätzen.

"Welcome to the Madhouse" wäert hiren Debutalbum heeschen, dee Mëtt Juli erauskomme wäert, an di aktuell Single vun der fréierer Stroossemusekerin ass haut eise "One for the Road":

"Cloudy Day".