München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot. 

06/07/2021 HitStory - MAMBO NO. 5

Zu München koum en 1975 op d'Welt. Den David Lubega, Fils vun enger Italienerin, de Papp staamt aus Uganda.
Mëtt den 90er huet dee jonken David e puer Joer zu Miami an uschléissend a Kalifornie gelieft, hei huet en dann och probéiert als Lou Bega seng musikalesch Karriär un d'Rullen ze bréngen - ouni ernimmenswäerte Succès. Zeréck an Däitschland huet en de Produzent Goar Biesenkamp an de Komponist Christian Pletschacher, genannt "Zippy" kennegeléiert. Zemools mat deem huet de Lou och privat vill Zäit verbruecht an enges Daags hunn déi zwee sech d'Placke vum kubanesche Mambo-Kinnek Perez Prado eragezunn.
Musek aus de 50er, fir déi de Lou Bega nach ëmmer e Faibel hat. Vrun allem säin instrumentalen Titel "Mambo Nummer 5" hat him et ugedoen.

E coole Song, allerdéngs ouni grëffeg Melodie/Refrain an e Message war och net present, well jo keen Text existéiert huet. Dunn hu Bega a Zippy mat fantaséieren a improviséieren ugefaangen. Meederchersnimm aus hirer Teenagerzäit, Party a Flirt ... alles ass beienee komm an um Enn hat Mambo No. 5 net nëmmen eng Melodie mä och nach en Text fir mat ze sangen.

Mambo No. 5 gouf e weltwäiten Hit, Nummer 1 an iwwer 20 Länner, deen uschléissenden Album "A little bit of Mambo" huet sech och extrem gutt verkaf. De Lou Bega war quasi iwwer Nuecht e Star ginn.

2010 koum et nach zu engem Sträit tëscht Bega an der Ierwin vum Perez Prado wéinst dem Droit d'usage. War et eng Coverversioun oder en autonoomt Wierk mat Sample-Passagen? Urteel: 70% Bega, 30% Prado. Domadder konnten um Enn béid Parteie liewen.