Dës Kéier léiere mir d'Joy Crookes kennen; déi brittesch Sängerin ass am Süde vu London opgewuess, huet Originnen a Bangladesch awer och an Irland a setzt sech an der neier Single mat der Falschheet vun de sozialen Netzwierker auserneen.

D'Nummer heescht Feet Don't Fail Me Now an ass voll mat Ironie, fir d'Joy ass et bis ewell dee komplizéiertsten Titel an der nach jonker Karriär. D'Lidd aus der Perspektiv vun engem Mënsch aus geschriwwen, deen aus Angscht ofgeleent ze ginn et méi einfach fënnt matzemaachen a sech distanzéieren. Eng aner Inspiratiounsquell fir Feet Don't Fail Me Now ass déi sougenannte Cancel Culture déi elo wärend der Pandemie entstanen ass. D'Joy Crookes ass also prett fir nei Aventuren, villäicht klappt et jo geschwënn och mat engem Award, fir där war dat jonkt Talent schonn e puer mol nominéiert.