Dave Grohl. Nirvana. Foo Fighters. Op wat mécht ee sech do gefaasst? Op Rock selbstverständlech. De leschten Album Medicine At Midnight huet do keng Ausnam gemaach, bis op d'Lidd Making A Fire. D'Albumversioun rockt, de Remix groovt éischter.

An dat an typescher Mark Ronson Manéier, well genee deen ass fir déi nei Versioun vu Making A Fire zoustänneg. Apropos Mark Ronson, deen huet eng eege Serie bei Apple TV+, Watch The Sound With Mark Ronson, an do ass Enn dës Mounts och de Foo Fighters-Frontmann Dave Grohl zu Gaascht.