Am Hierscht kënnt e weideren Album vum Clueso eraus. Wien de Singer/Songwriter vun Erfurt suivéiert, weess datt hie seng Originnen am Hip Hop huet an datt hien net schei ass fir nei Saachen auszeprobéieren. Dat huet een och op de leschte Placken ëmmer nees gemierkt.

Den 1. Oktober kënnt dat neit Wierk eraus a kritt de ganz einfachen Titel Album. Fir déi éischt Single huet sech de Clueso den Andreas Bourani an de Studio geruff, déi éischte Kéier datt déi 2 zesummeschaffen. Willkommen Zurück kann een et op divers Manéieren interpretéieren; do wier zum Beispill den Andreas Bourani dee scho 6 Joer laang näischt méi publizéiert huet, de Clueso dee sech erëm op seng Originnen, also Hip Hop, besënnt a wann een den Text sou lauschtert, ass et och sou eng Zort Virfreed op dëse Summer, no deem een duerch déi lescht intensiv Méint sou vill verlaangert huet.