Jiddereen huet emol Suergen. Och de Malik Harris, dee sech de Frust mat senger neier Single "Dance" ewechdanzt.

Eisen Artist vum Dag ass en Däitsch-Amerikaner, deen d'Musek quasi an d'Wéi geluecht krut.

Dem Malik Harris säi Bop huet an der Oper gesongen, d'Bom huet Piano gespillt, a säi Papp sëllechen aner Instrumenter. Tel père, tel fils, huet och de Malik d'Musek entdeckt, a sech zB Gittar- a Keyboardspille selwer bäibruecht. Hei an do gouf scho gesot, en géif ähnlech wéi de Bruno Mars kléngen.

De 24 Joer ale Museker aus Oberbayern kombinéiert ënnerschiddlechst Genren mateneen, an huet sech fir seng nei Single um Sound vun den 80er a 90er orientéiert. "Dance" soll e Lidd si fir ze genéissen, fir negativ Gedanken an traureg Erliefnisser op d'Säit ze drécken.

Kuckt hei de Video: