Wat 2017 an den Diskoe geklappt huet, schéngt dann elo an de Hitparaden ze funktionéieren. Den Duo Shouse hat viru 4 Joer mat Love Tonight Succès op der Danzpist, a well de Message vum Lidd den Ament wéi d'Fauscht op d'A passt, ass den Erfolleg an den Charts dëst Joer och zimmlech einfach z'erklären.

Ma och de Sound déi den Ed Service an den Jack Madin maachen, si schwätze vu Weirdo-House, dréit zur Begeeschterung bei. D'Lidd handelt vu Verbonnenheet an Zesummenhalt a solidariséiert a verbënnt an Zäite vun Isolatioun an dem momentane Wee zeréck an d'Normalitéit déi ganz Welt mateneen, sou déi 2 Produzente virun net all ze laanger Zäit an engem Interview. An iwwer 20 Länner steet Love Tonight elo schonn an den Hitparaden an och aner grouss Nimm aus där Zeen, ënnerstëtzen de Message vu Shouse; den Tiesto, zum Beispill, spillt Lidd a sengem Set an den David Guetta huet viru kuerzem e Remix vu Love Tonight publizéiert.