Endlech nei Musek vu Crowded House déi an den 90er grousse Succès mat Weather With You haten. Leschte Mount ass hir aktuell Plack Dreamers are waiting erauskomm, déi éischt nei Musek an 11 Joer.

Am Lidd Playing with fire geet et ëm d'Kontradiktioun déi de Frontmann Neil Finn wärend festleche Momenter empfënnt, eng Mëschung aus Hoffnung an Ënnergang. Genee an där Optik ass och de Video fir d'Lidd entstanen, do gesäit een d'Grupp op engem Concert mat Elementer déi een net sou op der Rechnung hat, zum Beispill e Grupp Vëlosfuerer déi d'Plaz vun de Bléiser anhuelen an eng Renconter mat engem Séipäerd.