Nom Miley Cyrus an dem Titel Without You schafft The Kid Laroi dës Kéier mam kanadesche Superstar Justin Bieber zesummen. Wann dat kee Succès gëtt?

Den Charlton Kenneth Jeffrey Howard, dat ass The Kid Laroi, huet net nëmmen en Talent wann et ëm Musek geet, dat mat de sozialen Netzwierker huet de jonken Artist, 17 Joer do dierf ee jonk soen, och zimmlech gutt am Grëff. An de leschte Wochen ass den Hype ronderëm Stay, dat ass d'Lidd mam Justin, ëmmer méi grouss ginn, ënner anerem well The Kid Laroi op Tik Tok kleng Sequenze vum Video gepost huet a bei zwee Optrëtter déi éischt Täkt ugespillt huet. Nom groussen Erfolleg Without You an elo mat der Hëllef vum Justin Bieber dierft et den nächste groussen Hit ginn.