6 Studioalbumen hunn The Script bis elo erausbruecht. No 14 Joer Bandgeschicht ass et dowéinst elo endlech Zäit gi fir en éischte "Greatest Hits Album" - op deem awer och ee neit Lidd drop ass. Eise One for the Road.

Méi wéi 9 Milliarden Streamen, 12 Milliounen Albume verkaaft, 54x Platin an 58x Gold - net schlecht fir eng Band, déi réischt zanter 14 Joer am Business ass.

Do gëtt et dach mol Zäit fir e Greatest-Hits-Album erauszebréngen - huet sech di iresch Band The Script geduecht.

Den 1.Oktober kënnt mat „Tales of The Script” de Best-Of vun hire 6.Studioalbumen eraus - mat drop ass och ee neit Lidd, an dat ass haut eise One for the Road.

"I want it all" vun The Script.

Kuckt hei de Video: