Et leeft fir den Tom Grennan - haut kënnt eng Deluxe-Versioun vu sengem Nummer 1-Album "Evering Road" eraus, mat 5 neie Lidder, an eent dovun ass haut eise One for the Road.

Den Tom Grennan lieft grad den Dram vun der grousser Karriär. Mat sengem 2.Album "Evering Road" ass dem brittesche Museker de Sprong un d'Spëtzt vun de UK Charts gelongen.

Evering Road huet d'Strooss geheescht, wou den Tom am Oste vu London mat senger Frëndin gewunnt huet - zum Deel sinn och d'Lidder inspiréiert vun där Bezéiung, déi an d'Bréch goung.

Mir kennen di éischt Singleauskopplung "Little Bit of Love", déi europawäit en Top Ten-Hit war, an elo en vue vu senger UK-Tour am Hierscht wäert eng Deluxe-Versioun vu sengem Erfollegsalbum erauskommen.

Do drop si 5 nei Lidder, an eent dovun ass haut eise One for the Road: "Don't break the heart".

Lauschtert hei d'Lidd: