Eng nei Serie fir de Feierowend op RTL; 2 mol d'Woch, Dënschdes an Donneschdes, gëtt et géint 19:30 en Acoustic Cover. An anere Wierder, e Lidd, mol méi mol manner bekannt, vun engem aneren Artist akustesch gecovert. Beispiller ginn et wéi Sand um Mier. Den Optakt mécht d'Lidd Thnks Fr Th Mmrs vun der amerikanescher Alternative-Rockband Fall Out Boy.

D'Grupp ronderëm de Patrick Stump existéiert schonn 20 Joer a konnt 4 vun hire 7. Albumen op d'Spëtzt vun den amerikaneschen Albumcharts setzen, dorënner och den 3. Album Infinity on High, op deem dat Lidd ze fannen ass, ëm dat et haut geet. Thnks Fr Th Mmrs war deemools déi 3. Single vun den Amerikaner an hat nieft der éischter Single am meeschte Succès op deem Album, fir eng Top 10 Placéierung sollt et awer net duergoen.

D'Grupp déi sech dann dem akustesche Cover dëst Joer ugeholl huet, lauschtert op den Numm The Maine, gouf 2007 gegrënnt an huet dëse Summer den 8. Album From Love and Anxiety in Real Time erausbruecht. Thnks Fr Th Mmrs ass net deen éischte Cover deen dës amerikanesch Grupp an de leschte 14 Joer zestane bruecht huet, och Lidder vu Wham, Def Leppard an Justin Bieber hunn The Maine op hir Manéier interpretéiert.