Ob een d'Beatles iwwerhaapt covere soll, decidéiert jidderee fir sech. Fakt ass datt schonn e puer Lidder vun de Fab Four gecovert goufen, also komme mir an dëser neier Rubrik net sou richteg derlaanscht. Et geet ëm dat éischt Lidd um 69er Album Abbey Road; Come Together

Den Titel baséiert op engem Lidd dat den John Lennon fir d'Gouverneurscampagne vum Timothy Leary geschriwwen hat, wat awer net all ze laang am Asaz war well den Här Leary mat Drogen erwëscht gouf. Come Together war schonn déi 21. Single vun de Beatles, eng Nummer 1. an Däitschland an och an de States. Vun deem Beatles-Klassiker ginn zeg Coverversiounen, déi Bekanntsten dierft vun Aerosmith sinn, déi gouf 1978 opgeholl. Dann hate sech awer och nach Gruppen an Artiste wéi Gotthard, Eurythmics, Tina Turner, Tom Jones, Arctic Monkeys, Godsmack an AnnenMayKantereit inspiréiert gefillt fir Come Together op hir Manéier opzehuelen. 2017 ass d'Lëscht vun deenen déi Come Together gecovert hunn dann nach ëm een Numm méi laang ginn. Den texaneschen Museker an Acteur Gary Clark Jr. hat fir de Soundtrack vun Justice League d'Lidd nei agespillt, an et muss ee soe wéi et ass, dee Sound vu senger verzerrter Gittar passt nawell bei Come Together.