Dënschdes an Donneschdes gëtt akustesch gecovert am Feierowend op RTL. Déi Kéier geet et ëm en Nummer 1. Succès an den USA, an och an der Schwäiz vun TLC aus den 90er.

Waterfalls ass d'Resultat vun enger ganz dramatescher Nuecht vum Lisa "Left Eye" Lopez am Joer 1994. Den 8. Juni vun deem Joer war den deemolege Frënd, de Football-Spiller Andre Rison, op den Tour a wéi deen du Moies géint 5 eragetrollt komm ass, koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht deenen 2, d'Lisa Lopes hat deemools e Problem mam Alkohol. Hien huet hatt geschloen an hatt huet Turnschlappe vun him verbrannt a mat engem Staubsauger d'Fënsteren vun 2 Autoen zerstéiert, en plus huet och nach d'Haus gebrannt. D'Lisa huet sech den Dag drop der Police gestallt, gouf wéinst Brandstëftung verurteelt an huet sech mam Alkohol hëllefe gelooss. Nach méi tragesch wéi dës Gesicht ass awer den Autosaccident an Honduras am Abrëll 2002, bei deem d'Sängerin hiert Liewe gelooss huet. A Waterfalls geet et ëm Bandekriminalitéit, Geschlechtsverkéier, Aids an Drogenofhängegkeet.

D'Lidd ass méi wéi eng Kéier gecovert ginn, op déi verschiddenst Manéieren. 2017 huet sech d'Grupp Kaiak aus Schweden entscheet eng akustesch Versioun aus Waterfalls ze maachen, dat ass iwwregens hiren Dada, vun Avril Lavigne, iwwer Taylor Swift bis bei d'Foo Fighters hu Kaiak schonn e ganze Koup akustesch Covere realiséiert.