Den Nicholas war mat senger Frëndin an engem Nightclub zu Los Angeles. Do huet d'Frëndin hien invitéiert fir danzen ze goen. Déi Invitatioun muss e gudden Androck beim Nicholas hannerlooss hunn, et war nämlech d'Inspiratioun fir den, bis elo, gréisste Succès vu Walk The Moon.

Den Nicholas, Petricca, ass iwwregens de Sänger vun der amerikanescher Pop-Rock Grupp déi mat Shut Up And Dance weltwäit de Wee an d'Charts fonnt hat. An der Heemecht ass et zwar net fir d'Spëtzepositioun vun de Singlecharts duergaangen, dat hat awer a Pole geklappt, an och soss stoung d'Lidd a ville Länner an den Top 10.

Sicht een dann am Netz no Shut Up And Dance a Cover, kritt een eng helle Wull Videoen ugewisen, dorënner och ee vum Projet Anchor + Bell iwwer dee leider net all ze vill am Netz ze fannen ass, kann an dësem Fall jo och egal sinn, et geet jo ëm hiren akustesche Cover vu Shut Up And Dance.