Beim Numm Chris Isaak denkt ee mat grousser Warscheinlechkeet un d'Lidder Wicked Game a Blue Hotel, dat war seng gréisste Succèsen. Ma et kann een awer och u Filmer wéi Little Buddha an Das Schweigen der Lämmer denken, de Chris ass nämlech och Schauspiller.

Haut geet et ëm Wicked Game, den 90er Succès aus dem Album Heart Shaped World, deen och eppes mat engem Film ze dinn huet. E Joer nodeems d'Lidd dobausse war, gouf et am Film Wild at Heart vum David Lynch als Instrumentalversioun agesat, wat dann dofir gesuergt huet datt d'Lidd nach méi bekannt ginn ass. Vu Wicked Game ginn et iwwregens 2 Videoen, deen éischten hat den David Lynch realiséiert, do sinn Zeenen aus dem Film Wild at Heart ze gesinn, an deen 2. dierft u sech dee bekannte vun deenen 2 sinn, do gesäit een de Chris Isaak mam Model Helena Christensen op der Plage.

Wicked Game schéngt och villen aneren Artiste gefall ze hunn, d'Lëscht vun de Coverversiounen ass nawell laang. Dat geet vum Heather Nova, Him, London Grammar, Maroon 5, iwwer Theory of a Deadman, Three Days Grace bis bei Stone Sour, déi aner Band vum Slipknot-Sänger Corey Taylor. An domat wäre mir bei der akustescher Coverversioun ukomm, ëm déi et haut geet. D'Rees geet zeréck an d'Joer 2006 bei den 2. Stone Sour-Album Come What(ever) May op deem och hire gréisste kommerziellen Erfolleg Through Glass drop ass. Wie sech deemools d'Special Edition vun deem Album zougeluecht huet, krut nach eng Kéier ronn 20 Minutte méi Musek vu Stone Sour, dorënner awer och eng 3 Minutte laang Geschicht déi de Corey Taylor erzielt an eben eng akustesch Coverversioun vu Wicked Game.