Dës Rubrik gëtt haut vun trauregen Ëmstänn begleet; viru 4 Joer huet sech den Chester Bennington d'Liewe geholl, de Sänger vu Linkin Park hätt am Mäerz säi 45. Gebuertsdag gefeiert. Eent ass awer sécher, d'Musek vun der amerikanescher Grupp bleift.

Fir déi akustesch Coverversioun vun dëser Kéier geet et an den 3. Studioalbum vu Linkin Park, Minutes To Midnight a méi präzis bei d'Single Shadow Of The Day, déi deemools als 3. Lidd ausgekoppelt ginn ass. Den Chester, dee jo selwer ënner Depressioune gelidden huet a sech och dowéinst d'Liewe geholl huet, séngt hei warscheinlech iwwer e Frënd deen Depressiounen huet an datt et heiansdo méi einfach ass opzehalen sech Méi ze ginn, och wann d'Leit ronderëm een nach no vir pushen.

Déi akustesch Coverversioun vu Shadow Of The Day kënnt vu Boyce Avenue, eng amerikanesch Alternative-Rock-Band vu Sarasota a Florida. Déi 3 Bridder, den Alejandro, Fabian an Daniel Manzano, hu viru gutt 10 Joer op Youtube op sech opmierksam gemaach andeems se Lidder vun anere Kënschtler akustesch gecovert hunn, och haut nach kommen nach reegelméisseg Coverversioune vun hinnen eraus an d'Grupp war souguer eng Kéier fir e Concert an der Rockhal.