Fir déi akustesch Coverversioun vun dëser Kéier geet et zeréck bis bei de Johann Sebastian Bach. Méi genee bei deem säi Weihnachtsoratorium.

De Rick Nowels an d'Ellen Shipley sollten an den 80er e Lidd fir d'Belinda Carlisle schreiwen; d'Inspiratioun huet een a Form vun der Arie Schlafe, mein Liebster, geniesse der Ruh aus dem Weihnachtsoratorium vum Johann Sebastian Bach fonnt. D'Resultat sollt eng Nummer 1. an den USA, England, Irland, Neiséiland, Schwäiz, Norwegen, Schweden a Südafrika ginn. Heaven Is A Place On Earth héiert een och an diverse Filmer respektiv Serien an am Background vun der Originalversioun kann een nieft de Songwriter och eventuell d'Michelle Phillips vun The Mamas and the Papas erkennen.

Den Hit vum Belinda Carlisle ass méi wéi eng Kéier gecovert ginn, ënner anerem vu Kafkas, Nightfall, MxPx an Ikke Hüftgold. Eng akustesch Versioun war vun der Grupp The Mayries opzedreiwen, déi sech am allgemengen op Coverversiounen ageschoss hunn, d'Chance ass deemno grouss datt mir déi op dëser Plaz nach emol héieren. Vun The Mayries ass leider net vill am Netz ze fannen, hei awer nach e puer Beispiller wat déi da sou gecovert hunn; Girls Just Want To Have Fun, Umbrella, Hey Brother, High Hopes oder och nach Don't Wanna Know.