Haut gëtt et Punk an dëser Rubrik. A wann ee vu kommerzielle Punk schwätzt, féiert kee Wee laanscht The Offspring.

1984 haten de Bryan "Dexter" Holland an de Greg Kriesel, no engem Concert vun der Grupp Social Distortion, decidéiert selwer eng Band ze grënnen. Ënnert dem Numm Manic Subsidal ass et du lass gaangen, ma schonn 2 Joer méi spéit huet ee sech fir en anerem Numm entscheet, The Offspring war gebuer. De kommerzielle Succès kënnt awer eréischt mam 3. Album Smash op deem ënner anerem Self Esteem a Come Out And Play drop sinn. Bei Self Esteem geet et ëm e Mann deen net all ze vill Selbstwäertgefill huet a bei senger Frëndin kee Fouss op de Buedem kritt. Déi besote Fra mécht de Geck no all de Reegele vun der Konscht, geet friem a sou weider.

Self Esteem ass dann och op der EP Don't Judge A Song By Its Cover vun der amerikanescher Sängerin K.Flay ze fannen, déi d'lescht Joer erauskomm ass. Nieft Self Esteem huet d'Kristine Meredith Flaherty, sou de biergerlechen Numm, och Brain Stew vu Green Day a Break Stuff vu Limp Bizkit gecovert. Interessant wat een aus engem 90er Pop-Punk-Titel alles maache kann.