Firwat eigentlech nëmmen 1 Lidd akustesch covere wann een och 2 Stécker matenee verschmëlze kann?

Alles ass méiglech wann ee genuch Kreativitéit beweist. An dësem Fall schwätze mir also net vun engem akustesche Cover mä vun engem akustesche Mash-Up. Et geet ëm Cool Kids vun Echosmith a Riptide vum Vance Joy. Op den éischte Bléck hunn déi 2 Lidder net all ze vill gemeinsam, ausser datt et zwou ganz relax Nummere sinn.

Cool Kids war fir Echosmith am Joer 2013 de kommerziellen Duerchbroch, en Extrait aus hirem Debutalbum Talking Dreams a Riptide vum Vance Joy, och e Lidd aus dem Joer 2013, ass vum Succès hier änlech anzestufen.

Also nach eng Gemeinsamkeet, déi 2 Lidder sinn dat selwecht Joer publizéiert ginn. Fir den akustesche Mash-Up vun deenen 2 Stécker sinn dann och zwou Gruppen zoustänneg; The Queen and King déi ënner anerem och Lidder vum Taylor Swift, Lorde a Walk The Moon gecovert hunn a Less is More déi bis op dës Coverversioun nëmmen eege Kreatiounen opweises hunn, hiren Album Amid the Flowers ass viru 7 Joer erauskomm.