Wann een déi aktuell Hitparade kuckt, gëtt een dem Gefill net lass datt alles wat net bei 3 um Bam ass gecovert gëtt. Dat ass awer keng rezent Entwécklung an der Musek, dat gouf et och scho virdrun. An dëser Rubrik konzentréiere mir eis dann op déi akustesch Coverversiounen, an déi Kéier geet et ëm de gréissten Hit vun The Human League.

Dee feiert d'Grupp am Joer 1981 mat der 4. Singleauskopplung vun hirem 3. Album Dare. Don't You Want Me gëtt net nëmmen d'Chrëschtdags-Nummer 1. bei de Britten, mä ass dat selwecht Joer och déi meeschtverkaafte Single op der Insel; et sollt souguer fir eng Nummer 1. bei den Amerikaner duergoen. Kee Wonner datt och aner Artisten e Stéck vum Kuch wollten hunn, déi brittesch Sängerin Mandy Smith hat hiert Gléck probéiert, grad esou wéi d'Grupp The Farm an déi schwedesch Eurodance-Combo Alcazar konnt mat hirer Versioun vun Don't You Want Me hire gréisste Succès an de States ze feieren.

Wéi gesot, elo geet et awer ëm eng akustesch Coverversioun fir déi de kanadesche Museker Bahamas, grad ewéi déi kanadesch Folk-Band The Weather Station zoustänneg ass. Dës Versioun dierft jidderengem bekannt sinn deen de Ben Stiller Film The Secret Life Of Walter Mitty entweder an de Kino kucke war oder doheem gesinn huet; d'Lidd ass um Soundtrack drop, grad wéi dem Jack Johnson seng Coverversioun vum Rupert Holmes-Lidd Escape (The Pina-Colada-Song).