Déi Leit déi mat der Musek aus den 80er grouss gi sinn, missten d'Lidd I Think We're Alone Now vum Tiffany kennen. Deen Nummer 1. Succès vun der amerikanescher Sängerin, war awer schonn 20 Joer virdrun e groussen Erfolleg. Den Original staamt vum Songwriter Ritchie Cordell.

Deen hat I Think We're Alone Now fir Tommy James & The Shondells geschriwwen a konnt 1967 bis op déi 4. Plaz vun den amerikanesche Billboard-Charts klammen, deemools huet ee vun enger Bubblegum-Pop-Nummer geschwat. Ee Joerzéngt méi spéit huet d'Lene Lovich I Think We're Alone Now nei opgeholl, allerdéngs hat déi eege Single Lucky Number esou e grousse Succès datt dëse Cover zimmlech ënnergaangen ass.

Et sollt also nach e Joerzéngt vergoen ier I Think We're Alone Now ganz uewen an den Charts steet. 1987 war et du souwäit, 20 Joer nodeems den Original erauskomm war, d'Tiffany Renee Darwish, kuerz Tiffany, packt et mat enger High-Energy-Versioun op d'Spëtzepositioun vun ënner anerem de kanadeschen, amerikaneschen a britteschen Charts.

Ma wann een no I Think We're Alone Now am Netz sicht, fënnt nach eng helle Wull aner Coverversiounen. An där Lëscht liest een dann ënner anerem Nimm wéi The Killers, The Turtles, Girls Aloud, Me First and the Gimme Gimmes an zënter leschtem Joer och Billie Joe Armstrong. De Sänger vu Green Day huet wärend der Pandemie den Album No Fun Mondays erausbruecht, op deem lauter Coverversiounen ze fanne sinn, dorënner Manic Monday, Kids in America an eben och I Think We're Alone Now. Kleng, awer net onwesentlech, Notiz um Rand; am Video spillen dem Billie seng Bouwen um Bass respektiv op der Batterie.