Och grouss Rock-Klassiker sinn derwäert akustesch gecovert ze ginn. Dës Kéier si mir souguer am Hard-Rock-Rayon beim 87er Guns n' Roses-Album Appetite for Destruction. Do kéint elo Welcome To The Jungle, Paradise City oder Sweet Child o'Mine kommen.

Da loosse mir d'Kaz direkt aus dem Sak; et gëtt ëm déi 3. Single aus hirem Debutalbum, en Titel deen d'Sheryl Crow fir den 99er Adam-Sandler-Film gecovert hat. Ma d'Sängerin ass net déi eenzeg déi Sweet Child o'Mine gecovert huet, déi selwecht Iddi haten ënner anerem och Texas, d'Neneh Cherry, d'Bonnie Tyler a Linkin Park. D'Originalversioun, also déi vum Axl Rose a senge Frënn, ass iwweregens déi eenzeg Nummer 1. fir Guns n' Roses an de States.

Virun 13 Joer hat déi schwedesch Sängerin Victoria Bergsman mat hirem Solo-Projet Taken by Trees eng akustesch Folk-Versioun vu Sweet Child o'Mine opgeholl. Dës Versioun war an der Reklamm vun enger brittescher Supermarchéschaîne ze héieren an hat sou guer an d'Top 30 vun de britteschen Charts gepackt. D'Stëmm vum Victoria kéint engem kënneg virkommen, déi ass nämlech och am Peter Bjorn and John-Hit Young Folks ze héieren.