Et war eigentlech nëmmen eng Fro vun der Zäit; de King of Pop huet et och an d'Rubrik vun den akustesche Covere gepackt (mat grousser Warscheinlechkeet och net fir d'lescht). An dobäi war d'Lidd ëm dat et haut geet eigentlech net sou richteg fir de Michael Jackson geduecht.

Et misst ee villäicht kuerz erklären datt den David Paich an de Steve Porcaro vun Toto an de Quincy Jones um Album Thriller gedoktert haten. De Quincy hat den David no Iddie gefrot a krut eng Kassett, jo dat gouf et och mol fir Musek ze lauschteren, an de Grapp gedréckt op där eng Rëtsch Demoen drop waren. Dorënner och en Titel deen de Steve Porcaro fir säi Meedche geschriwwen hat, Human Nature. De Quincy Jones war hell ewech vun deem Stéck a sou huet Human Nature also de Wee op den Album Thriller fonnt an obwuel d'Ballad gutt Kriticke krut, sollt et nëmme fir eng Plaz 7 an den amerikanesche Singlecharts duergoen. Human Nature ass schonn dacks gecovert ginn, ënner anerem vum Miles Davis, Tupac Shakur, Boyz II Men a Chris Brown.

Déi akustesch Coverversioun geet op de Kont vun den 2 brittesche Museker Matt Johnson an Alex Francis, déi wuel och eege Musek maachen, ma zemools de Matt huet d'Plattform Youtube genotzt fir seng Interpretatioune vu bekannte Lidder, déi meescht eben akustesch, ze presentéieren. Hir Versioun vu Human Nature ass iwwregens scho méi wéi 6 Millioune mol op Spotify gestreamt ginn.