Powerpop aus de States. Et geet ëm d'Rockgrupp The Romantics an hiren 80er Debutalbum dee ganz einfach The Romantics gedeeft gouf.

Bis op den Titel She's Got Everything goufen déi 10 aner Lidder alleguer vun der Grupp selwer geschriwwen, dat waren iwwregens de Wally Palmar, Mike Skill an Jimmy Marinos deen awer haut net méi dobäi ass. Ënnert deenen 10 Stécker ass dann och What I Like About You dat als Single ausgekoppelt ginn ass. Op hire Concerte war d'Lidd top, an d'Charts éischter e Flop, ausser an Australien do goung et bis op déi 2. Plaz vun den nationale Singlecharts. An de spéiden 80er avancéiert What I Like About You allerdéngs zu enger vun de bekanntsten Rockhymne vun allen Zäiten, d'Lidd war nämlech dee Moment an enger Televisiounsreklamm vun enger bekannter amerikanescher Béierzort ze héieren.

Coverversioune vu What I Like About You ginn et der wéi Sand um Mier; hei e puer Beispiller, Michael Morales, Lillix, The Heebee-Jeebees, Poison, 5 Seconds of Summer a ganz rezent Pomplamoose.

Ma och wann d'Lidd zu enger vun de bekanntste Rockhymnen op dësem Planéit gehéiert, ass och de Coverversiounen de Succès ausbliwwen, bis op d'Versioun vum Michael Morales, déi stoung nämlech op der 28. Plaz vun de Billboard-Charts, 21 Plaze besser klasséiert wéi den Original. Trotzdeem héiert een d'Lidd reegelméisseg a Filmer wéi zum Beispill am Shrek.