Et léisst sech ëmmer driwwer streiden ob eng Coverversioun dann elo besser oder méi schlecht wéi den Original ass. Eigentlech geet et jo an dëser Rubrik drëms ze weise wat et alles un, an dësem Fall akusteschen, Coverversioune sou gutt. Dës Kéier steet d'Gwen Stefani am Mëttelpunkt.

Awer net mat der Grupp No Doubt, och do ginn et bestëmmt akustesch Versioune vun deenen Hits, mam 2. Soloalbum vun der amerikanescher Sängerin, méi präzis mat der 2. Single aus deem Wierk. The Sweet Escape ass an Zesummenaarbecht mam Rapper Akon entstanen, deen hat de Beat fir d'Lidd scho fäerdeg ier et iwwerhaapt zu der Kollaboratioun komm, dee Plang sollt opgoen. D'Lidd packt et an diverse Länner op d'1. an doheem an de States op déi 2. Plaz vun de Billboardcharts.

A wien ass dann op d'Iddi komm dat Stéck akustesch ze coveren? Ma déi 20 Joer jonk Singer/Songwriterin Sofía Valdés aus Panama. D'Sofía huet mat 8 Joer ugefaange Gittar ze spillen, mat 13 dat éischt Lidd geschriwwen an duerno an den USA an och a Groussbritannien op diverse Schoulen de Feischlëff siche gaangen. Op all deene Statiounen huet d'Sofía natierlech Musek opgesuckelt, sou zielt d'Musekerin och de Folk vun den Englänner an ënner anerem Bossa Nova zu den Inspiratiounsquellen. Déi akustesch Coverversioun vun The Sweet Escape vum Sofía Valdés ass iwwregens d'lescht Joer erauskomm.