2x grousse Succès mat deem selwechte Lidd. Dem Eric Clapton seng Gefiller fir engem Frënd seng Fra hunn zu engem Evergreen gefouert.

04/11/2021 Accoustik Cover: Layla

Nodeems den Eric Clapton es genuch hat mat de Supergroups "Cream" a "Blind Faith", huet en Enn de 60er Joren zesumme mam Bobby Whitlock vun "Delaney & Bonnie and Friends" Lidder geschriwwen. Einfach fir eppes ze dinn ze hunn.

No enger Tour mam Joe Cocker si weider fréier Memberen dobäi komm. De Clapton wollt am Hannergrond bleiwen an et koum zu enger klenger Tour duerch englesch Clubben. Provisoresche Numm vun der Band war "Eric & The Dynamos". Si goufen awer als "Derek & The Dominos" ugekënnegt. Dem Eric war et Recht, dass säi bekannte Numm guer net genannt gouf.

4 Albume sollten se erausbréngen - de bekanntsten Hit aus där Schafenszäit war "Layla". Ugangs e rockegt Lidd iwwert dem Clapton seng Gefiller zum Beatle George Harrison seng Fra Pattie Boyd, dat hannen eraus ëmmer méi lues a sentimental gëtt.

1992 huet de Clapton dat Lidd fir säin MTV Unplugged Album nei arrangéiert. Et gouf nach emol zum Welthit, an och mat engem Grammy ausgezeechent.