2010 ass e Buch mam Titel 1001 Songs You Must Hear Before You Die erauskomm. An deem Wierk sinn, verschidde Leit wäerten elo iwwerrascht sinn, Blink-182 vertrueden. A mat wat? Ma mat Recht a virun allem mat All The Small Things.

Deemools déi 2. Single aus hirem 3. Album Enema Of The State deen 1999 publizéiert ginn ass. All The Small Things fänkt un am Januar 2000 op der Tëlee an um Radio ze lafen, deemools ass nach manner gestreamt ginn, fir net ze soe guer net, an ass bis haut hiren erfollegräichsten Titel. Dat louch zum Deel och um Video an deem den Trio Boy-Band wéi d'Backstreet Boys, 98 Degrees an 'N Sync grad ewéi d'Christina Aguilera an d'Britney Spears op d'Schëpp geholl hunn.

A wien huet sech dann un eng akustesch Versioun vun All The Small Things erugetraut? Den Jesse Epstein. A wann dee Musek mécht nennt e sech Imaginary Future. All ze vill ass net iwwer de Singer/Songwriter erauszefannen, ausser datt hie schonn e ganze Koup där akustesch Coverversioune gemaach huet, zum Beispill vun Heart of Gold, I'm a Believer, Let It Be, Losing My Religion, Come As You Are an eben och All The Small Things vu Blink-182.