Ech muss ganz éierlech zouginn datt een haut duerchaus mat "wat huet hien da gefëmmt" op dës Rubrik reagéiere kéint. Oder wéi soll ee soss op eng Folk-Coverversioun vu Cotton Eye Joe reagéieren?

Den Original huet een direkt am Ouer; kee Wonner, d'Lidd war 1994 praktesch op der ganzer Welt an den Charts, souguer d'Amien hate Gefalen dru fonnt, et sollt fir eng 25. Plaz an de Billboardcharts duergoen, jo Cotton Eye Joe war souguer fir e Grammy nominéiert. De Cotton Eye Joe ass iwwregens en attraktive Mann deen an eng friem Stad reit an do de Fraen de Kapp verdréint an hir Häerzer brécht; sou vill zum Inhalt vum Lidd. Ob elo wéinst dem Banjo oder de Wild-West-Sound-Effekter, Cotton Eye Joe war deemools en Hit fir d'Schweden.

Lo kënnt dann déi grouss Fro; wie kënnt op d'Iddi fir Cotton Eye Joe ze coveren? An dann och nach an enger Folk-Versioun! D'Cami Bradley an de Whitney Dean hu sech där Saach ugeholl, 2016 hu se eng EP erausbruecht mat 4 Coverversiounen, nieft Cotton Eye Joe ass och Can't Get You Out Of My Head vum Kylie Minogue verfolkt ginn. Datt déi 2 Amerikaner iwwerhaapt zesumme Musek maachen, läit un der Fra vum Whitney Dean, déi hat d'Carmi nämlech bei America's Got Talent sangen héieren a war du séier der Meenung datt hire Mann Lidder fir d'Sängerin schreiwe sollt. Dee Plang schéngt geklappt ze hunn, bis haut ginn et 9 EPe vun The Sweeplings.