E legendäre Bass-Solo an eng Schniewelflütt, e Bodyguard an Nimm déi verwiesselt goufen. Wien ass d'Betty a wien ass den Al? Dës Kéier gëtt dem Paul Simon säi 86-Hit You Can Call Me Al akustesch gecovert.

De 5. September viru 35 Joer ass d'Lidd aus dem Album Graceland ausgekoppelt ginn a packt et bis op déi 4. Plaz vun de britteschen Charts, an der Belsch souguer bis op déi 2. Plaz. Geschriwwen a produzéiert gouf You Can Call Me Al vum Paul Simon selwer; d'Iddi dofir ass dem Paul op enger Party komm op där hien invitéiert war a vun deem deen d'Fest organiséiert als Al ugeschwat gouf a seng deemoleg Fra Peggy als Betty begréisst ginn ass. Den al ass iwwregens e Mann dee matten an der Midlife-Kris ass. Datt d'Lidd esou bekannt gouf, läit ënner anerem och um Bass-Solo vum Bakithi Kumalo bei deem déi éischt Hallschent vum Schluss opgeholl, hannerzeg lafe gelooss an hannendru kopéiert gouf. Eppes fir d'Experten.

Coverversioune ginn et e ganze Koup vu You Can Call Me Al; ënner anerem vum London Symphony Orchestra, Sons of Pitches, Noah and The Whale an dem Eddie Berman. Dee leschten Numm hei an der Rei ass en amerikanesche Singer/Songwriter, deen natierlech och eege Stécker opweises huet, a viru 4 Joer d'Kompilatioun Surrounded By The Sound - Ten Covers By Eddie Berman erausbruecht huet, woubäi You Can Call Me Al awer dann dee bekanntsten Titel dierft sinn.