Männer ouni en Hutt awer mat engem Hit an eng akustesch Coverversioun.

Men Without Hats war, respektiv ass nach ëmmer, eng New Wave-Grupp aus Kanada déi 1977 vum Ivan Doroschuk gegrënnt ginn ass. Allerdéngs hat hir Musek an de spéide 70er näischt mat där aus den 80er ze dinn, Men Without Hats war am Ufank eng Punk-Rock-Band. Eréischt 1980 wéi seng 2 Bridder dobäi komm sinn huet d'Grupp mat de Synthesizer ugefaangen. Op hirem Debutalbum Rhythm of Youth sollt dann och hiren eenzegen internationale Succès Plaz fannen, The Safety Dance. D'Iddi fir d'Lidd war dem Ivan Doroschuk komm wéi hien eng Kéier aus engem Club erausgeheit gouf well hie Pogo gedanzt huet.

Vum Safety Dance ginn et och e Grappvoll Coverversiounen, zum Beispill vu Status Quo, The Donnas a virun 12 Joer vum Crazy Frog. Déi akustesch Coverversioun vun Haut geet op de Kont vum Projet Sleeping At Last deen 1998 vum Ryan O'Neal, sengem Brudder Chad a vum Dan Perdue an d'Liewe geruff ginn ass. Haut ass nëmmen nach de Ryan O'Neal iwwreg an dee bréngt zënter enger Rëtsch Joren reegelméisseg Compilatioune mat Coverversiounen eraus, dorënner dann och de Men Without Hats-Hit The Safety Dance.