Leider ass eis Geschicht och vill vu Krich gepräägt. De Vietnam-Krich ass ee vu ville Beispiller. Parallel zu dëser Militärinterventioun waren awer och d'Hippien ënnerwee a hu genee de Géigendeel gepriedegt, Make Love Not War. An där Zäit sinn natierlech och Anti-Krich-Lidder opgeholl a publizéiert ginn, dorënner och Fortunate Son vu Creedence Clearwater Revival.

Deen Titel ass um 4. Studioalbum Willy and the Poor Boys ze fannen, ass gläichzäiteg mat Down On The Corner ausgekoppelt ginn an huet sech séier am Anti-Krich-Mouvement etabléiert. Den John Fogerty huet an diversen Interviewen erkläert datt et bei Fortunate Son net explizitt ëm de Vietnam-Krich geet, ma éischter ëm d'Ongerechtegkeet an der Gesellschaft à la "déi räich Leit maache Krich an déi aarm Leit mussen an deene Kricher kämpfen". D'Lidd baséiert op der Roserei déi den John Fogerty empfonnt huet, wéi hie fir d'Arméi rekrutéiert ginn ass, ouni eigentlech ze wësse firwat. Ganzer 20 Minutten hätt et gedauert fir d'Lidd ze schreiwen.

D'Lëscht vun de Gruppen déi Fortunate Son an de Joren duerno gecovert hunn, ass nawell laang. Do liest een Nimm wéi U2, Dropkick Murphys, Pearl Jam, Santana, Aloe Blacc an ënner anerem och Donavon Frankenreiter e gudde Frënd vum Jack Johnson dee viru bal 20 Joer e Plackekontrakt beim Jack Johnson-Label Brushfire Records krut. De Surfer a Museker huet nieft eegene Kreatiounen 2007 d'EP Recycled Recipes erausbruecht, e Mini-Album mat 6 Coverversiounen, dorënner also och Fortunate Son.