D'Lidd "Stars" vu Simply Red hätt haut an England warscheinlech net méi dee Succès deen et hat, wéi et bal 30 Joer erauskomm ass.

Well och wann et am Text u sech ëm eng klassesch Libesgeschicht geet, geet et tëscht den Zeile vill méi wäit. Eng Libesgeschicht, déi ouni Happy End Ufank vum Joer mam Brexit op en Enn gaangen ass.

De Mick Hucknall huet sech fir "Stars" nämlech beim Konzept vun der Europäescher Gemeinschaft inspiréiert. Op sengem Aarm huet hien och een Tattoo vum europäesche Fändel.

A d'Plackefirma vu Simply Red huet sech deemools och eng afale gelooss, fir Promo fir d'Single ze maachen. Si hunn deemools e puer Stären d'Nimm vun de Programmcheffe vun enge sëllege Radiostatioune ginn, an der Hoffnung datt d'Lidd doduerch vill op deene Radioe géif lafen.

Déi Rechnung ass och opgaangen, et war ee groussen Hit am United Kingdom, an och an den Top 20 a villen europäesche Länner.