Et kléngt u sech wéi ee Lovesong, a Wierklechkeet geet et awer ëm eng Trennung a wéi schwéier et ass, fir domat ëmzegoen.

"I Try" war déi éischt Single vum Macy Gray, déi deemools, wéi si dat Lidd opgeholl huet eréischt 32 Joer hat, mä eng Stëmm déi däitlech méi al geklongen huet. Datt si mat där Stëmm géif Succès als Musekerin hunn, war laang net kloer. Schonn e puer Joer méi fréi hat si ee Plackekontrakt mat enger Rockband bei engem grousse Label kritt, mä de geplangten Album ass ni erauskomm.

Der Macy Gray hir Musekskarriär war gestuerwen, éier se ugefaangen hat, dofir huet si sech eng Plaz als Sekretärin gesicht, ass bestuet ginn an huet mat hirem Mann dräi Kanner kritt. Mä wéi d'Macy Gray du weider un hirer Musekskarriär geschafft huet, an Enn vun den 1990 Joren och ee Kontrakt kritt huet, hunn déi zwee sech getrennt. An deene meeschte Lidder op hirem éischten Album geet et dofir och ëm hiren Ex, och bei "I Try", wou si ënnert anerem séngt: "Ech probéieren et ze verstoppen, mä meng Welt zerbrécht, wann s du net do bass"...