No senger Zäit bei *NSYNC an dem Background-Optrëtt bei der Black Eyed Peas-Nummer Where Is The Love? kënnt dem Justin Timberlake seng grouss Zäit. Déi 2 éischt Albume schloen a wéi Bomm, an och den 3. Album The 20/20 Experience huet e grousse Succès kannt.

An dat obwuel et nëmmen 3 offiziell Singlen aus där Plack goufen, Suit & Tie, Tunnel Vision a virun allem Mirrors, en Nummer 1. Hit a Groussbritannien, Australien, Schottland a Polen ënner anerem. Mirrors war, souzesoen, deemools de Comeback fir den Justin an den internationalen Charts, do virdru waren 2 Joer Rou. D'Lidd ass eigentlech schonn 2009 wären den Aarbechten um 3. Timbaland-Album Shock Value II entstanen, sou ass et och net verwonnerlech datt déi éischt 5 Minutte vun der Albumversioun liicht anescht klénge wéi déi 3 lescht Minutten déi eréischt Joren duerno opgeholl goufen. Mirrors huet den Justin Timberlake iwwregens senger Fra Jessica Biel a senge Grousselteren dediéiert.

Eriwwer bei déi akustesch Coverversioun, där ginn et direkt e puer. De Choix ass op den Jonah Baker gefall, een haut 27 Joer jonken Amerikaner deen duerch seng Interpretatioun vu bekannte Lidder op Youtube nawell séier d'Leit begeeschtere konnt. Sorry, am Original vum Justin Bieber, ass bei de Youtube-User besonnesch beléift. Den Jonah Baker war och d'lescht Joer aktiv an huet ënner anerem also dem Justin Timberlake säi Mirrors akustesch gecovert.