Fir d'Originalversioun vu Feeling Good festzeleeën, ass eng Grëtz méi komplizéiert. Richteg original ass d'Lidd aus dem Musical The Roar of the Greasepaint - The Smell of the Crowd a gouf vum Anthony Newley a Leslie Bricusse geschriwwen, déi éischt 2 Interpreten, am Kader vum Musical, waren de Cy Grant an de Gilbert Price, ma déi éischt Chartversioun geet op de Kont vum Nina Simone.

D'Sängerin hat d'Stéck fir den 65er Album I Put a Spell on You opgeholl. Amplaz elo groussaarteg iwwer den Inhalt vu Feeling Good ze schwätzen, komme mir direkt bei déi impressionant laang Lëscht vu Coverversiounen, well d'Lidd gouf an de leschte 57 Joer reegelméisseg vun Artisten, aus alle Beräicher, nei interpretéiert. Hei e puer Nimm déi Feeling Good gecovert hunn; Sammy Davis Jr., Traffic, Muse, George Michael, Eels, Michael Bublé, Avicii, Lauryn Hill, Joe Bonamassa oder och nach Pussycat Dolls.

Ouni awer och eng Lëtzebuergesch Versioun vu Feeling Good ze vergiessen. Fir déi ass de Sacha Hanlet vu Mutiny on the Bounty zoustänneg, deen zënter e puer Joer ënnert dem Numm Them Lights Musek erausbréngt. Fir de Cover vun dësem Lidd aus de 60er, huet de Sacha mam Faruk zesummegeschafft, och e Lëtzebuerger Interpret.