Wien hätt et geduecht, och Green Day goufen akustesch gecovert, bestëmmt net fir d'éischt a sécher net fir d'lescht. Et geet 18 Joer zeréck an d'Zäit bei den, deemools, 7.Album vum Billie Joe Armstrong, Mike Dirnt an Tré Cool, American Idiot.

Vun där Plack goufen am ganze 5 Lidder ausgekoppelt, selbstverständlech den Titelsong, dann awer och Holiday, Wake Me Up When September Ends, Jesus of Suburbia a Boulevard of Broken Dreams, ëm dat et haut geet. Um Album ass Boulevard of Broken Dreams als 4. Lidd direkt hannert Holiday ze fannen, an dat huet och e gudde Grond. De roude Fuedem, respektiv den Haaptpersonnage, vun American Idiot ass den Jesus of Suburbia dee sech am Lidd Holiday prächteg an der Stad ameséiert an duerno da mat Boulevard of Broken Dreams säin Hangover-Lidd huet. A punkto Charts sollt et an de States bis op d'Plaz 2 goen, de Candy Shop vum 50 Cent war dee Moment nach méi beléift, wat d'Grupp virdrun an duerno net méi fäerdegbruecht huet. Fir Boulevard of Broken Dreams gouf et e Grammy an der Kategorie Record Of The Year an den MTV Video Music Award fir de Video Of The Year, dat huet soss nach keen Titel realiséiert.

Déi akustesch Coverversioun vu Boulevard of Broken Dreams kënnt vum Duo Roses & Revolutions. Vill ass net iwwer d'Alyssa Coco an de Matt Merritt gewosst, ausser datt déi 2 gäre coveren an datt hire Sound relativ däischter, trotzdeem awer schéin, ass. Dat mierkt een dann och bei hirer Versioun vun dësem Green Day-Hit.