Wéi deemools bei der akustescher Coverversioun vu Shadow of the Day vu Linkin Park ugekënnegt, ass et dës Kéier mol erëm u Boyce Avenue. Déi 3 Bridder aus Florida, den Alejandro, Fabian an Daniel Manzano, si jo duerch hir Coverversiounen op Youtube weltberüümt ginn.

Nach e Krack méi bekannt ass d'Sia; den australesche Superstar huet bis haut iwwer 83 Millioune Placke verkaaft, et goufen éischt Plazen an den Hitparaden an am Film mécht d'Sia Kate Isobelle Furler nawell och eng gutt Figur. D'Lidd ëm dat et haut geet, ass déi bis ewell erfollegräichst Single vun der Sängerin; den Titel gouf iwwer 10 Millioune mol verkaaft, stoung an Däitschland, an Éisträich an och an de States op der éischter Plaz vun den Charts, an Cheap Thrills war den éischten Nummer 1.-Hit iwwerhaapt fir d'Sia. Dobäi wier et ëm een Hoer e Succès fir d'Rihanna ginn; d'Lidd gouf zwar vum Sia zesumme mam Greg Kurstin komponéiert, ma eigentlech sollt d'Rihanna Cheap Thrills sangen, dat wollt dunn awer net. De Wee fir Cheap Thrills fir d'Sia war also fräi.

Wéi gesot, déi akustesch Coverversioun kënnt vun den 3 Bridder Manzano, déi sech Boyce Avenue nennen. Cheap Thrills an hirer Versioun ass um Album Cover Sessions Vol. 4 ze fannen.