Entweder kennt een d'Lidd vun Deep Purple, aus dem Film I Know What You Did Last Summer oder awer d'Originalversioun vum Billy Joe Royal. Dës Kéier gëtt Hush gecovert.

Den Titel ass 1967 vun engem gewëssenen Joe South fir eben de Billy Joe Royal geschriwwe ginn. Fir den amerikanesche Sänger gëtt Hush allerdéngs kee grousse Succès, op der 52 an den Hot 100 war Schluss, ma hei an Europa war een nawell e bësse méi begeeschtert, an der Belsch war et en Nummer 1. Hit, an Holland an och an der Schwäiz war et fir d'Top 10 duergaangen a bei eisen däitschen Nopere stoung Hush op der 12. Plaz vun der Hitparad. D'Versioun vun Deep Purple, déi e Joer méi spéit erauskomm ass, huet et besser gemaach; Nummer 4 an den USA, eng 2. Plaz a Kanada, ma a Groussbritannien ass Hush ënnert dem Radar bliwwen. 30 Joer nom Original huet d'Grupp Kula Shaker d'Lidd fir de Film I Know What You Did Last Summer nei opgeholl, do war déi 2. Plaz an de britteschen Charts erausgesprongen.

Ma weder Deep Purple nach Kula Shaker gëtt et elo an dëser Rubrik; de Choix ass op Welshly Arms gefall, déi virun hirem Debutalbum zwou EPen erausbruecht haten, eng dovunner mam Titel Covers EP, e klengen Album mat lauter Coverversiounen, zum Beispill You Got It vum Roy Orbison, Radar Love vu Golden Earring an eben Hush.