De jonke Singer-Songwriter Patrick Miranda huet leschten Oktober ënnert dem Alias „Pleasing“ säin Debutalbum erausbruecht. Zanterhier huet hie sech fest an der Lëtzebuerger Musekszeen etabléiert an ass dofir bekannt psychologesch Problemer a perséinlech Erliefnesser a senger Musek ze thematiséieren. Säin neiste Lidd „y in you“ ass leschte Freiden erauskomm an och hei spillt mental Gesondheet rëm eng zentral Roll. Dës Kéier geet et awer net nëmmen ëm seng eegen Experienzen, mä och ëm déi vu 6 weidere Participanten. Valeria Wiwinius.

28/03/2022 Pleasing "y in you"

„Y in you“ – sou heescht dem Pleasing, säin neiste Lidd. Dat ass a Kollaboratioun mat der Ligue Lëtzebuerg entstanen, eng ambulant Psychiatrie déi Leit mat mentale Schwieregkeeten ënnerstëtzt - dat dann och deelweis duerch kreativ Projeten a Workshoppen ewéi deen heien. Fir de Pleasing, dee jo normalerweis eleng schreift a schafft, war esou eng Zesummenaarbecht zwar logesch, wann och ongewinnt.

Am Ganzen hu 6 Leit matgemaach. Si hunn dem Pleasing an hire Sëtzungen en Abléck an hiert Liewen, hir Gedanken, Wënsch a Gefiller ginn. D’Resultat ass e Lidd vu 7 Minutten, wat souwuel fir de Pleasing wéi och fir déi meescht aner Museker aussergewéinlech laang ass. Dee Choix hätt een awer ganz bewosst getraff.

De ganze Prozess huet 5 Méint gedauert, also e gutt Stéck méi laang wéi déi 2 Méint mat deene se ufanks gerechent haten. De Momentum vum Lidd geet elo awer nach weider.

Dee Mini-Documentaire ass den Owend um 6 Auer erauskomm. Fir de Rescht setzt de Pleasing dëst Joer éischter op Live Concerten a bréngt eventuell nach eng Single eraus. Fir en neien Album oder méi Musek musse mir eis also nach gedëllegen.