E Concert an en Album déi allebéid laang op sech waarde gelooss hunn. Den Owend dierft dann alles klappen an der Rockhal, OneRepublic kommen hiren neie Album Human virstellen.

Nach virun der Pandemie haten d'Amerikaner eng éischt Single aus deem Album ausgekoppelt, ma duerch de Virus gouf de Release, an d'Concerten och, ëmmer nees verluecht. Haut steet de Ryan Tedder mat senge Leit dann op der Bün vun der Rockhal, d'Diere ginn um 19:00 op, am Virprogramm um 20:00 ass et um Dan Caplen an um 21:00 fänkt dann de Concert vu OneRepublic un. Kuerz ier et zu Esch lass geet, kéint een dach mol lauschteren op d'Amerikaner och akustesch kënnen, jo kënne se. Et geet awer zeréck bei de 4. Album, dee viru Human, Oh My My.

Op där Plack ass ënner anerem den Titel Kids ze fannen, deen eben och an enger akustescher Versioun publizéiert gouf.